Wëllkomm um MEGA Katalog vum Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer

Eng vun de Prioritéite vum Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité ass et aus der gesetzlech verankerter Egalitéit och eng gelieften Egalitéit ze maachen. Effektiv ass et esou, datt des Egalitéit op ganz ville Platzen nach laang net erreecht ass, an do gëllt et aktiv ze sinn oder ze ginn.

Sief et fir de ganz jonken Alter (zum Beispill a Schoulen an a Maison Relaisen), oder och op villen anere Platze wéi op der Aarbecht, am Sport oder och nach an der Politik, Inegalitéiten tëscht Mann a Fra gëtt et och weiderhin!

Dofir setzen de MEGA a seng Partner sech derfir a fir ze sensibiliséieren a punktuell z’intervenéieren, duerch Material, Atelieren a Formatiounen.

Dësen neie MEGA-Katalog ass esou opgebaut datt, egal wéi ee Kontext iech op dës Säit bruecht huet, dir schnell entdecke kënnt wat fir eenzel Projet’en ginn déi iech hëllefe kënnen, an ënnert wéi enge Konditiounen:

(Falls dir hei net dat fonnt hudd wat dir iech erwaart hätt, zéckt net d’Ekipp vum MEGA ze kontaktéieren fir ze kucken wat mir fir iech “sur mesure” kënnen opsetzen.)